14 Geschäfter um Zolwereck
Passé sur les ondes de RTL le 27 mars 2013:
"Zanter 1 ½ Joer fonctionnéiert jo schonn de Supermarché Smatch.
Ma elo hunn och déi aner Geschäfter hir Dieren opgemaach.
Ganz nom Motto Shopping, dining, meeting. Fannen di mer 14 Geschäfter op 2000 Quadratmeter.
Op mer elo eng Rees wëlle buchen, gutt iesse goen, oder eise Brëll wëlle geriicht kréien, all eis Besoine ginn am Zolwereck ofgedeckt. Fir d’Butze kënnt souguer nach eng Crèche fir bis zu 100 Kanner dobäi, an ob wat een nach houfreg ass, ass ee Postshop. 130 gratis Parkplaze suerge fir ee bequemt akafen, an all Dag ass op vun 9 bis 7.
Den Zolwereck fanne mer op der Déifferdenger Strooss um Eck vun der Sortie vun der Collectrice. An op zolwereck.lu."