Deen neien Akafszenter Zolwereck!
- Business
Fichier-son diffusé le 7 octobre 2011 sur RTL Radio Lëtzebuerg dans la rubrique "Business" à l'occasion de l'ouverture du Smatch.
Auteur: Camille NEY
Do wou fréier de Boon zu Zolwer war entsteet elo den Akaafszenter Zolwereck. Doriwwer fréen séch sécher déi ronn 60.000 Leit, déi do ronderëm wunnen. Den Zolwereck ass, wéi den Numm ët seet op der Déifferdénger Strooss um Eck vun der Sortie vun der Collectrice. Déi éischt 1.000 m2, wouvun de Smatch der 600 huet an de Pélicafé der 160, ginn elo op. De Räscht vun de Geschäfter mat e.a. engem Blummebutték, engem Coiffeur, engem Geschäft mat Prêt-à-Porter kënnt da Mëtt 2012 no. Ët sin och eng "Ribambelle"-Crèche vu 600m2 a Büros-Reimléchkeeten virgesin. De Site huet e Parking vun 130 gratis Parkplaatzen an an enger 1. Phase goufen hei 17 Arbéchtsplaatze geschaaf. Den Akaafszenter setzt also op Proximitéit, um Beispill vum smatch, dee säi Pelikan-Konzept um Zolwereck fir d'éischt hei am Land ëmsetzt: frësch Produkter zu all Zäit vum Dag, 7 Deeg op 7, an enger agreabeler Ambiance vum nächste Mëttwoch 12.10. un.